3.300 Ënnerschrëften fir eis Sprooch

…. sinn duerch d’Sammelstänn vun der Initiativ fir eis Sprooch an duerch Internet zesumme komm.

An dat obschonns eis Initiativ, kaum bis guer keng Ënnerstëtzung vun de nationalen Medien krut.

An mer domatter en Deel vun eisen Matbierger net erreechen konnten!

Mer haten eis méi erwaart, bewisen ass awer, datt deen Deel vun de Bierger, déi mir iwwer eis Stänn an iwwer Internet konnten erreechen, voll hannert eis steet.

Iwwerreechung Pétitioun

D’Petitioun mat 3.300 Ënnerschrëften huet de Matbegrënner vun der Initiativ fir eis Sprooch, den onofhängegen Deputéierten Aly Jaerling, dem Chamberspresident Lucien Weiler iwwerreecht, mat der Opfuerderung dem Wonsch vun de Signatairen Rechnung ze droen an eis Sprooch als Sprooch vun de Lëtzebuerger an eis Verfaassung anzeschreiwen an och all drun ze sëtzen, datt eis Sprooch och an d’Lëscht vun den vun der EU unerkannte Sprooche kënnt.

Et ass net zoulässeg, datt eis Sprooch nach ëmmer net an eiser Verfaassung als Sprooch vun de Lëtzebuerger festgeschriwwen ass, an et ass och net zoulässeg, datt d’Sprooch vun engem Grënnerland vun der EU net vun der EU unerkannt gëtt!

Et ass schon gelungen…

… wéi op emol d’Lëtzebuerger Sprooch fir d’ ADR, an mëttlerweil souguer fir den CSV, en Thema fir d’Walen ginn ass.

Beim Auszielen vun den Ënnerschrëften op eisen Petitiounslëschten war net eng Ënnerschrëft vun engem Kandidat vun der ADR.

An nach manner vun engem Kandidat vum CSV.

Genau sou vill Ënnerstëtzung krut deen onofhängegen Volleksvertrieder an Matbegrënner vun eiser Initiativ, Aly Jaerling, wéi hien d’Motioun fir d’Verankerung vun eiser Sprooch an d’Verfassung agereecht huet.

Nämlech guer keng !

Fir datt d’Motioun hätt kënnen ugeholl ginn, hätten 4 Volleksvertrieder missten dës Motioun mat droen.

An obschonns d’Volleksvertrieder vun der ADR an dem CSV zesummegeholl weit méi wéi 4 sinn, huet sech vun deenen zwou Parteien net een fond, fir d’Motioun matzedroen.

Et huet sech awer mëttlerweil erëmgeschwat, dat ronn 2% vun den Wieler, trotz onkooperativen nationalen Medien, d’Petitioun fir eis Sprooch ënnerschriwwen hunn.

2%, déi besonnesch der ADR kinnte wéidoen, awer och den CSV wëll op keen Prozent verzichten, an dofir gëtt näischt ënnerstëtzt wat och nëmmen een Prozent kënnt kaschten.

Och eng gutt Initiativ fir eis Sprooch net!

Dofir genéieren se sech och net, elo einfach eis Iddien ze klauen.

De Wieler soll sech dorunner erënneren.

Mer sëtzen eis op eng éierlech Art a Weis fir eis Sprooch an, an net aus waltakteschen Iwwerleeungen wéi en CSV an eng ADR an och nach aner déi elo fir eis Sprooch plädéieren.

Eis Websait …

as frësch gemaach gin.

Mir sin vum stateschen html op en modernen an awer fraien Publikatiouns-CMS (Content Management System), den Wordpress, emgeklommen.

Doduerch as d’Aktualisèierung vun der Sait mèih einfach. An d’Navigatioun as och fir ierch mèih einfach.

Dansette

© 2009-2012 Fir eis Sprooch All Rights Reserved